Umellung

Du bass frou mat Musik, séngs gär, a spills och ganz gär Theater? Da mell dech un am Biisser Kannergesank! Dofir bräuchs de just de Umeldungsziedel auszefëllen, an en un de Biisser Kannergesank ze schécken.

Wëlls du dech am Kannerchouer oder am Jugendgrupp umellen? Klick op déi entspriechend Këscht, fir dech unzemellen.

Dréck den Umeldungsziedel aus, fëll en aus, a schéck e per Bréif un de Biisser Kannergesank (d’Adress steet ënnen op dëser Säit), oder bréng en an déi nächst Prouf mat.

Iwwert de Jugendgrupp

Am Jugendgrupp ka jiddfereen ab Septième deelhuelen.

D’Prouwe sinn ongeféier all 3-5 Wochen eng Kéier, mee de Wochendag an d’Auerzäit variéieren vu Kéier zu Kéier. Mir leeën d’Prouwen zesumme mat de Jugendleche fest, a probéiere, keng Prouf an d’Prüfungszäiten ze leeën.

Un all Aktivitéit vum Kannergesank däerf de Jugendgrupp natierlech och deelhuelen: z.B. bei Optrëtter, Stagen, Ausflich oder Vakanzen. Bei eisen Optrëtter hëllt de Jugendgrupp, sou wäit et méiglech ass, och deel. Heifir geet et dann duer, dass di Jonk un der Generalprouf vum jeeweilegen Optrëtt deelhuelen.

Bei eiser jährlecher Theatervirstellung ass virgesinn, dass de Jugendgrupp en eegene Programm opféiert (dëst ass awer keng Mussesaach!).

E puer mol am Joer mécht de Jugendgrupp eng Sortie, d.h. mir ginn an de Kino, op d’Äispist, an d’Schwemm, eng Pizza iessen, …

Dir kritt all Trimester de geneeë Programm mat allen Aktivitéiten geschëckt, sou dass Dir ëmmer um Lafende sidd, wat bei eis geschitt. D’Kotisatioun vum Jugendgrupp ass di selwecht wéi déi vum Kannerchouer.