Dateschutz

Dateschutz fir d’Membere vum Biisser Kannergesank

Wéngst dem Akraafttrieden vum Règlement général de la protection des données (RGPD) vum 25. Mee 2018, ass et ab dem Schouljoer 2018/19 noutwenneg, dass all Member dem Biisser Kannergesank erlaabt, seng perséinlech Donnéeën ze verschaffen.

D’Zoustëmmung zu dëser Dateveraarbechtung gëtt all Member um Umellungsformular. Dës Zoustëmmung beinhalt och d’Verëffentleche vun de Fotoen, déi op dëser Internetsäit ze gesi sinn.

All Member ka seng Zoustëmmung geméiss Artikel 17 vum RGPD zréckzéien, a soumat Fotoe läsche loossen bzw. sech onkenntlech maache loossen. Wann Dir Är Zoustëmmung zréckzéie wëllt, da wennt Iech schrëftlech un de Biisser Kannergesank (Kontaktméiglechkeete stinn ënnen op dëser Säit).

Dateschutz fir d’Besicher vun dëser Internetsäit

Dës Dateschutzerklärung soll d’Besicher vun der Internetsäit vum Biisser Kannergesank iwwert d’Art, den Ëmfang an den Zweck vun der Opzeechnung a Verwendung vu perséinlechen Donnéeën op dëser Internetsäit informéieren.

De Biisser Kannergesank hëlt den Dateschutz eescht a behandelt Är Donnéeë vertraulech an entspriechend no de gesetzleche Virschrëften.

De Biisser Kannergesank benotzt keng Cookies op senger Internetsäit. Besicher vun dëser Internetsäit ginn net verfollegt, weder vum Biisser Kannergesank, nach vun externen Ubidder. Op dëser Internetsäit ass keng Reklam geschalt, an et gi keng Inhalter vu sozialen Netzwierker ugewisen, déi d’Privatsphär vun de Besicher beaflosse kéinten.

Zougrëffsdaten

Aus Grënn vun der Fehlerbehiewung an dem Schutz virun Ugrëffer (wat e legitimen Interessi nom Artikel 6 vum RGPD ass), protokolléiert de Biisser Kannergesank all d’Zougrëffer op seng Internetsäit. Folgend Informatioune ginn a sougenannte ‟Logdateien” gespäichert:

  • Besichte Säit
  • Auerzäit zum Zäitpunkt vum Zougrëff
  • Unzuel u geschéckten Daten (Unzuel u Bytes)
  • Internetsäit, vu wou aus der op eis Säit gelaangt sidd
  • Benotzte Browser
  • Benotzte Betribsystem
  • Benotzten IP-Adress

Dës Donnéeën gi fir eng Maximaldauer vu 7 Deeg gespäichert, an duerno gi se geläscht. Wa mer d’Donnéeë an engem Mëssbräuchsfall aus Beweisgrënn bräuchen, da ginn se sou laang gespäichert, bis de Fall geklärt ass.

Ëmgang mat Kontaktdaten

Wann Dir eis iwwert eng vun de Méiglechkeete kontaktéiert, déi op dëser Internetsäit ugebuede ginn, da benotze mir Är Kontaktdaten fir iech ze äntwerten. Dës Donnéeën ginn zou soss keng anerem Zweck benotzt, a gi geläscht, soubal se net méi benéidegt ginn.

Är Rechter

Dir hutt d’Recht op déi Donnéeën zouzegräifen, déi Iech betreffen, an dovun eng Kopie ze froen (Art. 15 vum RGPD); falsch oder onvollstänneg Donnéeën verbesseren ze loossen (Art. 16 vum RGPD); an Är Donnéeë ënnert de Konditioune vum Artikel 17 vum RGPD läschen ze loossen, andeems Dir eis schrëftlech op déi uewe genannten Adress kontaktéiert. Dir hutt a gewësse Fäll e Recht op d’Portabilitéit vun Ären Donnéeën (Art. 20 vum RGPD) an op d’Aschränkung vun der Veraarbechtung ënnert de Konditioune vum Artikel 18 vum RGPD.

Dir kënnt Iech dëser Veraarbechtung opposéieren, a soumat Är Zoustëmmung fir d’Zukunft zréckzéien, ënnert de Konditioune vum Artikel 21 vum RGPD.

Wann Dir mengt, dass eis Dateveraarbechtung net konform zum RGPD ass, kënnt Dir eng Reklamatioun bei der CNPD (www.cnpd.lu) areechen.