Joresbericht 2017/2018

1. Trimester

Mëttwochs, den 19. September 2018 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 1. – 6. Schouljoer an eisem neie Sall.

Un de Feierlechkeeten fir de Commémoratiounsdag, Samschdes, den 13. Oktober 2018, hu mir mat enger grousser Zuel u Kanner deelgeholl.

Mir hunn deelgeholl un der Entente-Versammlung an un der Chrëschtmaart-Organisatiounsversammlung zu Biissen.

Samschdes, den 1. Dezember 2018 präsentéieren d’Kanner aus dem Kannergesank am Veräinshaus „Al Gemeng“ am Kader vum Biisser Chrëschtmaart, eng musikalesch Weltrees duerch d’Chrëschdagszäit, agepaakt an enger Geschicht.

Freides, de 7. Dezember 2018 hu mir een Optrëtt am Altersheem zu Miersch, wou mir di selwecht musikalesch Weltrees mam Chrëschtstär opféieren.

Am Dezember 2018 hu mir deelgeholl un der Regionalversammlung vun der Ugda zu Wëntger.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen mëttwochs an der Mëttesstonn mat 56 Kanner an 2 extra Prouwen fir d‘Chrëschtgeschicht.

2. Trimester

Sonndes, den 27. Januar 2019 sange mir zu Miersch d’Sonndesmass mam Programm vun der Radiosmass.

Dee selwechten Dag, Sonndes de 27. Januar 2019 hëlt och eng Delegatioun um UGDA-Kongress am Conservatoire an der Stad deel.

Op Kannermissiounssonndeg, den 3. Februar 2019 sange mir nees moies um 9.00 Auer fir di 19. Kéier eng Radiosmass. An den 2 Wochen virdrun hate mir 2 extra Prouwen mat de Musikanten.

Freides, den 8. Mäerz 2019 war eist traditionnelt Spagetti-Iessen an der Hal Frounert. De ganzen Owend war ënnert d‘Thema vun eisem Musical „Mary Poppins“ gestallt.

Fir de Rescht waren d’Virbereedungen fir de Musical am Fréijohr voll am gaang. Mir hunn d’Rolle verdeelt an direkt an der Woch nom Spagetti-Iessen mat de Prouwen ugefaangen.

Während der Ouschtervakanz, Mëttwochs de 17. Abrëll hate mer een Theater-Proufdag vun 9.00 bis 17.00 Auer fir d‘Theater- an d‘Danzrollen an de Jugendgrupp.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 13 Gesangprouwen, 9 Theaterprouwen, 2 Danzprouwen an de ganzen Theater-Proufdag.

3. Trimester

De 5. Mee 2019 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Freides owes, de 17. Mee, Samschdes owes, den 18. Mee a Sonndes mëttes, den 19. Mee 2019 waren eis Musical-Virstellungen an der Aler Gemeng. Am Virprogramm huet de Jugendgrupp e Medley aus dem ganz aktuellen Kinofilm „Mary Poppins returns“ mat eegen entworfener an astudéierter Choréographie presentéiert. Uschléissend spillen, danzen a sangen d’Kanner mam Jugendgrupp zesummen den opwendegen Musical „Mary Poppins“. Dëst Joer war dat Ganzt eng Zesummenaarbecht vun de Kanner an dem Jugendgrupp. De ganze Jugendgrupp huet op der Bühn oder hannert der Bühn matgeschafft.

D‘Dänz sinn vun 2 vun eisen jonken Erwuessenen, di och am Jugendgrupp nach derbei sinn, a ville Prouwen astudéiert ginn. Fir de Musical waren mat de Kanner 19 Theaterprouwen, 10 Danzprouwen an de ganze Proufdag néideg. De Jugendgrupp hat och 5 extra Prouwen fir de Musical.

Vu Samschdes, dem 25. Mee 2019 bis Donneschdes, den 30. Mee 2019 si mir och dëst Joer nees op Blankenberge an d’Belsch gefuer, wou mir 6 Deeg mat de Kanner verbruet hunn mat Musizéieren, kreativ schaffen a spillen. Et waren dëst Joer 33 Kanner, 11 Jugendlech an 6 Erwuessener mat. Am ganze ware mer also zu 50.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel.

Den 8. Juli 2019 hu mir eis Generalversammlung vun dësem Joer.

Während dem ganze Joer hate mir 9 Comitéversammlungen.

Am 3. Trimester hate mir 2 Gesangsprouwen mëttwochs an der Mëttesstonn, 10 Theaterprouwen an 8 Danzprouwen, mat ëmmer nach 56 Kanner. Dat si manner “normal“ Prouwen, wéi di aner Trimesteren. Dat ass bedingt doduerger, dass mir no Päischten keng Prouwen méi halen.

Zanter Joeren bleift d’Zuel vun de Kanner während dem ganze Joer ëmmer zelwecht. Bis Ufank Oktober ass e klenge Va-et-viens, an dono bleiwen d’Kanner d’ganzt Joer derbei a kommen och an all Prouf.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all puer Wochen eng Prouf, virum Musical awer méi oft. Dëst Joer war dat e bëssi anescht, well de Jugendgrupp jo beim groussen Muscial matgewierkt huet.

Freides, den 28. September war dat 1. Treffen mam Jugendgrupp, wou mir a groussen Zich d’Joer geplangt hunn. Nei derbei sinn 5 Kanner komm, di dat Joer virdrun nach am 6. Schouljoer waren. Um 1. Treffen hu sech 18 Jugendlecher afonnt.

Dono waren am 1. Trimester nach 5 Prouwen mam Jugendgrupp.

Beim Chrëschtmusical hu si d’Kanner musikalesch ënnerstëtzt.

Bei der Radiosmass sange si ëmmer eenzel Lidder alleng a méistëmmeg. Bei deenen anere Lidder begleede si d’Kanner. Och bei den 2 extra Prouwen fir d’Radiosmass waren di Jugendlech dobei.

Freides, den 8. Mäerz hu si selbstverständlech och um Spagettis-iessen deelgeholl.

Freides, den 15. Mäerz si mir mam Jugendgrupp op Ettelbréck Lasertag spille gaangen an uschléissend eng Pizza iessen.

Och bei der Kommiounsmass sange si, souwäit et hinne méiglech ass, mat.

Beim grousse Musical hunn di Jugendlech am Virprogramm de Medley aus dem ganz aktuellen Kinofilm „Mary Poppins returns“ mat eegen entworfener an astudéierter Choréographie presentéiert. Dono hu si alleguer tatkräfteg beim grousse Musical gehollef, sief et mat eegene Rollen, hannert der Bühn, virun der Bühn, bei der Tombola a bei allen Aarbechten rondrëm de Musical. Dat huet fir si och vill spontan extra Prouwen bedeit.

Bei allen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech sou wäit et hinnen méiglech ass, ëmmer deel.

Sou wéi all Joer hëllefen si zu Blankenberge bei verschiddenen Aktivitéiten: de Frühsport mat de Kanner organiséieren si selwer. Bei de Spiller hëllefe si ganz vill an organiséieren a leeden se zum Deel selwer. Traditionnel ass och, dass de Jugendgrupp de Kuch an d’Bowle fir eis Ofschlossfeier preparéiert.

Am Jugendgrupp sinn elo um Enn vun dësem Joer 15 aktiv Jugendlech tëschent 13 an 25 Joer.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am Ganzen elo um Enn vun dësem Aktivitéitsjoer 2018/2019 folgend Memberen zielt:

Am ganzen zielt de Kannergesank 80 Memberen, di och alleguer an der UGDA gemellt sinn.