Joresbericht 2017/2018

1. Trimester

Mëttwochs, den 20. September 2017 ass di 1. Prouf vun 13.10 bis 13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 1. bis d’6. Schouljoer.

Un de Feierlechkeeten fir de Commémoratiounsdag, Samschdes, de 7. Oktober 2017, hu mir mat enger grousser Zuel u Kanner deelgeholl.

Freides, den 10. November 2017 war eist traditionnelt Spagetti-Iessen an der Hal Frounert.

Mir hunn deelgeholl un der Entente-Versammlung an un der Chrëschtmaart-Organisatiounsversammlung zu Biissen.

Freides, den 1. Dezember a Samschdes, den 2. Dezember 2017 hunn d’Kanner aus dem Kannergesank am Veräinshaus „Al Gemeng“ am Kader vum Biisser Chrëschtmaart, de Chrëschtmusical „Den Zauber vu Chrëschtdag“ opgefouert. An 14 extra Prouwen, sief et Textrollen oder Danzprouwen, niewent deenen normale Prouwen vu mëttwochs, hunn d’Kanner de Musical ageprouft.

Am Dezember 2017 hu mir deelgeholl un der Regionalversammlung vun der UGDA zu Wëntger.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 11 Gesangprouwen mëttwochs an der Mëttesstonn mat 68 Kanner an 14 extra Prouwen fir de Chrëschtmusical.

2. Trimester

Sonndes, den 28. Januar 2018 sange mir zu Miersch d’Sonndesmass mam Programm vun der Radiosmass.

Dee selwechten Dag, Sonndes den 28. Januar 2018 hëlt och eng Delegatioun um UGDA-Kongress am Conservatoire an der Stad deel.

Op Kannermissiounssonndeg, de 4. Februar 2018 sange mir nees moies um 9.00 Auer fir di 18. Kéier eng Radiosmass. An den 2 Wochen virdrun hate mir 2 extra Prouwen mat de Musikanten.

Fir de Rescht waren d’Virbereedungen fir de Musical am Fréijohr voll am gaang. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon direkt no der Radiosmass mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 8 Theaterprouwen.

3. Trimester

De 15. Abrëll 2018 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Mëttwochs owes, den 9. Mee, Freides owes, den 11. Mee, a Samschdes mëttes, den 12. Mee 2018 waren eis Musical-Virstellungen an der Aler Gemeng. Am Virprogramm huet de Jugendgrupp e Medley aus „Les Misérables“ mat eegen entworfener an astudéierter Choréographie presetéiert. Uschléissend spillen, danzen a sangen d’Kanner den „Äppelkomplott“, een méisproochegen Musical an deem et ëm Noperschaftssträit geet, an en Äppelbam dobei am Mëttelpunkt steet. 3 vun eise jonken Erwuessenen, di och am Jugendgrupp nach derbei sinn, hu mat de Kanner d’Dänz astudéiert. Fir de Musical waren 15 Theater- an Danzprouwen néideg.

Vu Samschdes, dem 19. Mee 2018 bis Mëttwochs, den 23. Mee 2018 si mir och dëst Joer nees op Blankenberge an d’Belsch gefuer, wou mir 5 Deeg mat de Kanner verbruet hunn mat ausrouen, musizéieren, kreativ schaffen a spillen. Et waren dëst Joer 52 Kanner, 12 Jugendlech an 10 Erwuessener mat. Am ganze ware mer also zu 74.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel.

Den 9. Juli 2018 hate mir eis Generalversammlung.

Am 3. Trimester hate mir 3 Gesangsprouwen mëttwochs an der Mëttesstonn an 7 Theater- an Danzprouwen, mat ëmmer nach 68 Kanner. Dat sin manner Prouwen, wéi di aner Trimesteren. Dat ass bedingt doduerger, dass mir no Päischten keng Prouwen méi halen.

Zanter Joeren bleift d’Zuel vun de Kanner während dem ganze Joer ëmmer zelwecht. Bis Ufank Oktober ass e klenge Va-et-viens, an dono bleiwen d’Kanner d’ganzt Joer derbei a kommen och an all Prouf.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all puer Wochen eng Prouf, virum Musical awer méi oft. Do kënnen et dann bis zu 3 Prouwen d’Woch sinn, jee nodeem si a mir Zäit fannen.

Freides, den 29. September war dat 1. Treffen mam Jugendgrupp, wou mir a groussen Zich d’Joer geplangt hunn. Nei derbei sinn 3 Kanner komm, di dat Joer virdrun nach am 6. Schouljoer waren. Um 1. Treffen hu sech 22 Jugendlecher afonnt.

Dono waren am 1. Trimester nach 3 Prouwen mat hinnen: Freides, den 13. Oktober 2017, Freides, den 10. Novmeber 2017 (nom Spagetti-Iessen) an Freides, den 17. November 2017.

Beim Chrëschtmusical hu si d’Kanner musikalesch ënnerstëtzt.

Bei der Radiosmass sange si ëmmer eenzel Lidder alleng a méistëmmeg. Bei deenen anere Lidder begleede si d’Kanner. Och bei den 2 extra Prouwen fir d’Radiosmass waren di Jugendlech dobei. Och bei der Kommiounsmass sange si, souwäit et hinne méiglech ass, mat.

Den 20. Abrëll si mir mam Jugendgrupp op Ettelbréck Lasertag spille gaangen an uschléissend eng Pizza iessen.

Beim grousse Musical hunn di Jugendlech dëst Joer e Medley aus „ Les Misérables“ presentéiert, mat eegen astudéierter Choréographie. Heifir waren e puer gemeinsam Prouwen néideg. 2 Prouwen dovunner waren an der Ouschtervakanz. No der Vakanz waren nach 4 Prouwen. Si hunn allerdings nach sou munch Prouwen eegestänneg gehalen, sief et bei engem doheem oder an de Wochen virum Theater op der Bühn.

Dëst Joer huet de Jugendgrupp op der Mammendagsfeier, den 9. Juni ee klenge Concert gesongen.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech sou wäit et hinnen méiglech ass, och deel. Sou wéi all Joer hëllefen si eis zu Blankenberge bei verschiddenen Aktivitéiten, wéi zum Beispill de Frühsport mat de Kanner organiséieren si selwer. Bei de Spiller hu si och ganz vill gehollef, an zum Deel d’Spiller selwer geleet. Traditionnel ass och, dass de Jugendgrupp de Kuch an d’Bowle fir eis Ofschlossfeier preparéiert.

Am Jugendgrupp sinn elo um Enn vun dësem Joer 15 aktiv Jugendlech tëschent 13 an 21 Joer. Bedingt duerch d’Premièresexamen hu sech eng Reih vun hinnen am Laf vum Joer missen ofmellen.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am Ganzen elo um Enn vun dësem Aktivitéitsjoer 2017/2018 folgend Memberen zielt:

Dat sinn am ganzen 97 Memberen, di och alleguer an der UGDA gemellt sinn.