Joresbericht 2016/2017

1. Trimester

Mëttwochs, den 21. September 2016 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 1. – 6. Schouljoer.

Un de Feierlechkeeten fir de Commémoratiounsdag hu mir mat enger grousser Zuele u Kanner deelgeholl.

Den 18. Oktober 2016 war eist traditionnelt Spaghetti-Iessen an der Hal Frounert.

Mir hunn deelgeholl un der Entente-Versammlung an un der Chrëschtmaart-Organisatiounsversammlung zu Biissen.

Samschdes, den 3. Dezember 2016 presentéieren d’Kanner aus dem Kannergesank am Veräinshaus „Al Gemeng“ am Kader vum Biisser Chrëschtmaart, e Chrëschtconcert.

Am Dezember 2016 hu mir deelgeholl un der Regionalversammlung vun der UGDA.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 14 Gesangprouwen.

2. Trimester

Op Kannermissiounssonndeg, den 31. Januar 2017 sange mir nees um 9.00 Auer eng Radiosmass. Am Januar hate mir 2 exta Prouwen mat de Musikanten.

Dee selwechten Dag huet och eng Delegatioun vun eis um UGDA-Kongress an der Stad deelgeholl

Fir de Rescht waren d’Virbereedungen fir den Theater am 2. Trimester voll am gaang. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon direkt no der Radiosmass mat de Prouwen ugefaangen.

An der Ouschtervakanz ass de Jugendgrupp op den Howald Lasergame spille gaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 8 Theaterprouwen.

3. Trimester

De 30. Abrëll 2017 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Mëttwochs owes, den 24. Mee, Freides owes, den 26. Mee, a Samschdes mëttes, den 27. Mee 2017 hu mir Theater gespillt an der Aler Gemeng.

Vu Samschdes, 3. Juni 2017 bis Mëttwochs, 7. Juni 2017 fuere mir och dest Joer rem op Blankenberge an d’Belsch, wou mir 5 Deeg mat de Kanner verbrengen mat ausrouen, musizéieren, kreativ schaffen a spillen.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei hunn iwwer d’Halschent vun eise Kanner deelgeholl.

Den 12. Juli 2017 hate mir eis Generalversammlung.

Am 3. Trimester hate mir 10 Theater- an 5 Gesangsprouwen.

Dat sinn der manner wéi di aner Trimesteren, bedingt doduerger, dass mer no de Musical-Virstellungen keng Prouwen méi halen bis am September vum kommenden Schouljoer.

Jugendgrupp

Den 21. Abrëll ass de Jugendgrupp Lasertag spille gaang.

De Jugendgrupp huet normalerweis all puer Wochen eng Prouf, virum Theater awer méi oft. Do kënnen et dann bis zu 3 Prouwen d’Woch sinn, jee nodeem d’Prüfungen leien.

Beim groussen Theater hunn di Jugendlech dëst Joer modern Lidder mat Eegenchoréographie alleng astudéiert a presentéiert. Heifir waren e puer gemeinsam Prouwen néideg. Si hunn allerdings nach sou munch Prouwen eegestänneg gehalen, sief et bei engem doheem oder an de Wochen virum Theater op der Bühn.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech sou wäit et hinnen méiglech ass, och deel.

Zu Blankenberge hu si eis och bei verschiddenen Aktivitéiten gehollef, wéi zum Beispill de Frühsport selwer organiséiert a bei de Spiller hu si och ganz vill gehollef, an zum Deel d’Spiller selwer geleet. Si hunn och de Kuch an d’Bowle fir eis Ofschlossfeier preparéiert.

Am Jugendgrupp sinn am Moment 22 aktiv Jugendlech tëschent 13 an 21 Joer.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am Ganzen während dem Joer 2016/2017 94 aktiv Kanner a Jugendlech niewent 8 erwuessene Memberen hat.

D’Kanner an d’Jugendlech waren alleguer praktesch ëmmer präsent.

Si alleguer, wéi och di Memberen di am Hannergrond schaffen, sinn all an der UGDA gemellt.