Joresbericht 2013/2014

1. Trimester

Mëttwochs, den 18. September 2013 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 1. – 6. Schouljoer.

Un de Feierlechkeeten fir de Commémoratiounsdag hu mir mat enger grousser Zuele u Kanner deelgeholl.

Samschdes, den 30. November 2013 presentéieren d’Kanner aus dem Kannergesank am Veräinshaus „Al Gemeng“ am Kader vum Biisser Chrëschtmaart, e Musical 2mol am Dag. Dee selwechte Musical hu mir owes um 20.00 Auer zu Bireng an der Hal Irbecht presentéiert.

Sonndes, de 15. Dezember 2013 hu mir zu Biringen bei Merzeg am Saarland e Concert gesongen. Dësen Dag hu mir verbonnen mat engem Spagetti-Iessen zu Merzeg.

Den 10. Dezember 2012 hu mir deelgeholl un der Regionalversammlung vun der UGDA zu Béiwen

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 5 Musicalprouwen mat 66 Primärschoulkanner.

2. Trimester

Op Kannermissiounssonndeg, den 2. Februar 2014 sange mir nees um 9.00 Auer eng Radiosmass. Am Januar hate mir 2 exta Prouwen mat de Musikanten.

Fir de Rescht waren d’Virbereedungen fir den Theater am 2. Trimester voll am gaang. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon direkt no der Radiosmass mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 8 Theaterprouwen mat 64 Primärschoulkanner.

3. Trimester

De 14. Abrëll 2013 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Mëttwochs owes, den 28. Mee, Freides owes, den 30. Mee, a Samschdes mëttes, den 31. Mee 2014 hu mir Theater gespillt an der Aler Gemeng. D’Kanner spillen „Kweela, Kweela“ an de Jugendgrupp presentéiert eng Reih Lidder mat eegener Choréographie.

Vu Samschdes, 7. Juni 2014 bis Mëttwochs, 11. Juni 2014 fuere mir och dest Joer rem op Blankenberge an d’Belsch, wou mir 5 Deeg mat de Kanner verbrengen mat ausrouen, musizéieren, kreativ schaffen a spillen.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei hunn iwwer d’Hallschent vun eise Kanner deelgeholl.

Am 3. Trimester hate mir 8 Theater- an 5 Gesangsprouwen.

Dat sinn der manner wéi di aner Trimesteren, bedingt doduerger, dass mer no de Musical-Virstellungen keng Prouwen méi halen bis am September vum kommenden Schouljoer.

Et waren zum Schluss nach 57 Primärschoulkanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all puer Wochen eng Prouf, virum Theater awer méi oft. Do kënnen et dann bis zu 3 Prouwen d’Woch sinn, jee nodeem d’Prüfungen leien.

Beim groussen Theater hunn di Jugendlech dëst Joer modern Lidder mat Eegenchoréographie alleng astudéiert a presentéiert. Heifir waren e puer gemeinsam Prouwen néideg. Si hunn allerdings nach sou munch Prouwen eegestänneg gehalen, sief et bei engem doheem oder an de Wochen virum Theater op der Bühn.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech sou wäit et hinnen méiglech ass, och deel.

Zu Blankenberge hu si eis och bei verschiddenen Aktivitéiten gehollef, wéi zum Beispill de Frühsport selwer organiséiert a bei de Spiller hu si och ganz vill gehollef, an zum Deel d’Spiller selwer geleet. Si hunn och de Kuch an d’Bowle fir eis Ofschlossfeier preparéiert.

Am Jugendgrupp sinn am Moment 17 aktiv Jugendlech tëschent 13 an 21 Joer.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am Ganzen während dem Joer 2013/2014 74 aktiv Kanner a Jugendlech niewent 4 erwuessenen Memberen hat. De Comité ass allerdings am Laf vum Joer verstäerkt ginn duerch 4 Leit.

D’Kanner an d’Jugendlech waren alleguer praktesch ëmmer präsent.

Si alleguer, wéi och di Memberen di am Hannergrond schaffen, sinn all an der UGDA gemellt.