Joresbericht 2012/2013

1. Trimester

Samschdes, de 15. September si mer mat de Leit aus dem Organisatiounscomité vum Theater als Merci fir di grouss Hëllef iesse gaangen.

Sonndes, de 16. September 2012 sengt de Jugendgrupp d’Radiosmass als Schoulufankmass, um 9.00 Auer an der Kierch zu Biissen. An der Woch virdrun waren heifir 3 gemeinsam Prouwen virgesinn ginn.

Mëttwochs, den 19. September 2012 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 1. – 6. Schouljoer.

Freides, de 19. Oktober 2012 molen all di nei Kanner hier Uniform um 16.00 Auer an der Schoul. Anschliessend hate mer eng kuerz Informatiounsversammlung iwwert Blankenberge fir d’Elteren vun deenen neie Kanner.

Samschdes, den 20. Oktober 2012 ass zu Biissen eng Familljemass, déi mir gesanglech verschéineren.

Dënschdes, den 20. November 2012 sange mir um 16.00 Auer e Concert am Konvikt an der Stad.

Samschdes, den 1. Dezember 2012 sangen d’Kanner aus dem Kannergesank am Veräinshaus ‟Al Gemeng” am Kader vum Biisser Chrëschtmaart, Chrëschtlidder am Vir- an Noprogramm vum Jugendgrupp, deen de Musical ‟Die Schöne und das Biest” 2 mol am Dag présentéiert.

Sonndes, den 9. Dezember 2012 triede mir nees um Fest vum 3. Alter zu Biissen an der Sportshal op.

Den 10. Dezember 2012 war de Kannergesank op Medernach op d’Regionalversammlung vun der UGDA.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen mat 45 Primärschoulkanner.

2. Trimester

Mir si vum Här Dechen vu Miersch gefrot ginn, fir zu Miersch nees eng Kéier eng Mass ze sangen. Dofir hu mir, als Generalprouf fir d’Radiosmass mat de Musikanten zesummen, Sonndes, den 20. Januar 2013 um 10.30 Auer zu Miersch d’Sonndesmass gesongen. Dono si mir dann zu Miersch mat de Kanner Spagetti’en iessen gaangen.

Sonndes, de 27. Januar 2013 huet de Kannergesank um Kongress vun der UGDA deelgeholl.

Op Kannermissiounssonndeg, de 3. Februar 2013 sange mir nees um 9.00 Auer eng Radiosmass. Am Januar hate mir 2 exta Prouwen mat de Musikanten.

Fir de Rescht waren d’Virbereedungen fir den Theater am 2. Trimester voll am gaang. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon direkt no der Radiosmass mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 6 Theaterprouwen mat 45 Primärschoulkanner.

3. Trimester

De 14. Abrëll 2013 ass zu Biissen di 1. Hl. Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Freides owes, den 10. Mee, a Samschdes owes, den 11. Mee 2013 hu mir Theater gespillt an der Aler Gemeng. D’Kanner spillen ‟Dat geheimt Liewen vun de Piraten” an de Jugendgrupp presentéiert eng Reih Lidder mat eegener Choréographie.

Vu Méindes, 27. Mee 2013 bis Freides, 31. Mee 2013 fuere mir och dest Joer rem op Blankenberge an d’Belsch, wou mir 5 Deeg mat de Kanner verbrengen mat ausrouen, musizéieren, kreativ schaffen a spillen.

Den 8. Juni 2013 sangen d’Kanner aus dem Kannergesank e Concert op der Mammendagsfeier vum Biisser Blummenveräin.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei hunn iwwer d’Hallschent vun eise Kanner deelgeholl.

De 6. Juli sange mer d’Schoulschlussmass zu Biissen.

Am 3. Trimester hate mir 7 Theater- an 3 Gesangsprouwen. Dat sinn der manner wéi di aner Trimesteren, bedingt doduerger, dass mer no de Musical-Virstellungen keng Prouwen méi halen bis am September vum kommenden Schouljoer. Et waren zum Schluss nach 45 Primärschoulkanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all puer Wochen eng Prouf, virum Theater awer méi oft. Do kënnen et dann bis zu 3 Prouwen d’Woch sinn, jee nodeem d’Prüfungen leien.

De 16. September 2012 huet de Jugendgrupp als Optakt vum Schouljoer d’Schoulufankmass fir de Parverband als Radiosmass gesongen.

Den 5. Oktober 2012 war no der Radiosmass dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich festzesetzen.

Um Chrëschtmaart, den 1. Dezember 2012 hunn di 19 Jugendlech eng eegen Adaptatioun vum Musical ‟ Die Schöne und das Biest” opgefouert. Virun dëser Opféierung hate si 6 gemeinsam Prouwen.

Den 22. Mäerz 2013 si mir mam Jugendgrupp an de Kino an dono eng Klengegkeet iesse gaangen.

Beim groussen Theater hunn di Jugendlech dëst Joer modern Lidder mat Eegenchoréographie alleng astudéiert a presentéiert. Heifir waren 7 gemeinsam Prouwen néideg. Si hunn allerdings nach sou munch Prouwen eegestänneg gehalen, sief et bei engem doheem oder an de Wochen virum Theater op der Bühn.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech sou wäit et hinnen méiglech ass,och deel.

Zu Blankenberge hu si eis och bei verschiddenen Aktivitéiten gehollef, wéi zum Beispill de Frühsport selwer organiséiert a bei de Spiller hu si och ganz vill gehollef, an zum Deel d’Spiller selwer geleet. Si hunn och de Kuch an d’Bowle fir eis Ofschlossfeier preparéiert.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2012/2013 64 aktiv Kanner a Jugendlech niewent a 5 erwuessenen Memberen hat, déi och alleguer praktesch ëmmer präsent waren. Si alleguer, wéi och di Memberen di am Hannergrond schaffen, sinn all an der UGDA gemellt.