Joresbericht 2011/2012

1. Trimester

Mëttwochs, den 21. September 2011 ass di 1. Prouf vun 13:10-13:55 fir d’Primärschoulkanner vum 1. – 6. Schouljoer.

Samschdes, de 24. September 2011 sange mir d’Schoulufankmass, um 18:00 Auer an der Kierch zu Biissen.

Freides, de 14. Oktober 2011 molen all di nei Kanner hier Uniform um 16:00 Auer an der Schoul.

Samschdes, den 3. Dezember 2011 sangen a spillen d’Kanner aus dem Kannergesank am Kader vum Biisser Chrëschtmaart, dräimol am Dag e Chrëschtmusical an der Aler Gemeng.

Den 8. Dezember 2011 war de Kannergesank op Mamer op d’Regionalversammlung vun der UGDA.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 7 Theaterprouwen mat 36 Primärschoulkanner.

2. Trimester

Sonndes, den 29. Januar 2012 huet de Kannergesank um Kongress vun der UGDA deelgeholl.

Op Kannermissiounssonndeg, dem 5. Februar 2012 sange mir nees um 9.00 Auer eng Radiosmass. Virdrun hate mir 2 extra Prouwen mat de Musikanten.

Freides, den 23. Mäerz 2012 ass eise Spagetti-Owend fir all d’Kanner an d’Jugendlech aus dem Kannergesank.

Fir de Rescht waren d’Virbereedungen fir den Theater am 2. Trimester voll am gaang. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon direkt no der Radiosmass mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 14 Gesangprouwen an 12 Theaterprouwen mat 36 Primärschoulkanner.

3. Trimester

Den 22. Abrëll 2012 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Freides owes, den 18. Mee, a Samschdes owes, den 19. Mee 2011 hu mir Theater gespillt an der Aler Gemeng. D’Kanner spillen ‟Dem Charel säin Dram” an de Jugendgrupp eng eegen Adaptatioun vun ‟Die Schöne und das Biest”.

Vu Méindes, 28. Mee 2012 bis Freides, 1. Juni 2012 fuere mir och dest Joer rem op Blankenberge an d’Belsch, wou mir 5 Deeg mat de Kanner verbrengen mat ausrouen, musizéieren, kreativ schaffen a spillen.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei hunn iwwer d’Hallschent vun eise Kanner deelgeholl.

Den 7. Juli sange mer d’Schoulschlussmass zu Biissen.

Am 3. Trimester hate mir 11 Theater- an Gesangsprouwen. Et waren zum Schluss nach 36 Primärschoulkanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all puer Wochen eng Prouf, virum Theater awer méi oft. Do kënnen et dann bis zu 3 Prouwen d’Woch sinn, jee nodeem d’Prüfungen leien.

Beim groussen Theater hunn di 14 Jugendlech dëst Joer Lidder aus dem Musical ‟The Beauty and the Beast” gesongen. Ausserdeem hu si modern Lidder mat Eegenchoréographie alleng astudéiert a presentéiert.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel.

Den 19. Oktober war dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich fest ze setzen.

Tëschent dem 8. Dezember an de Musical-Owender waren dann 12 Prouwen mam Jugendgrupp. Si hunn allerdings nach sou munch Prouwen eegestänneg gehalen, sief et bei engem doheem oder an de Wochen virum Theater op der Bühn.

Den 2. Abrëll si mer mam Jugendgrupp an d’Fuusekaul Bowling spille gaang a bei de McDonald’s iessen.

An der Belsch hu si eis och bei verschiddenen Aktivitéiten gehollef, wéi zum Beispill beim Frühsport a bei de Spiller. Si hunn och de Kuch an d’Bowle fir eis Ofschlossfeier preparéiert.

Den 10. September wäerte mer mam Jugendgrupp als Ofschloss vum Joer op d’Schueberfouer goen.

De 16. September wäerte si nach eng Radiosmass sangen, déi dann och d’Schoulufankmass vum Parverband wäert sinn.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2011/2012 50 aktiv mannerjähreg Memberen hat, déi och alleguer praktesch ëmmer präsent waren. Si alleguer, wéi och di Memberen di am Hannergrond schaffen, sinn all an der UGDA gemellt.