Joresbericht 2010/2011

1. Trimester

Mëttwochs, den 21. September 2010 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 1. – 6. Schouljoer.

Freides, den 15. Oktober 2010 molen all di nei Kanner hier Uniform um 16.00 Auer an der Schoul.

Freides, den 12. November huet eis traditionell Spagettisfriess stattfonnt.

Sonndes, de 5. Dezember hu mir beim Fest vum Drëtten Alter an der Sportshal gesongen.

Den 9. Dezember 2010 war de Kannergesank op Bartreng op d’Regionalversammlung vun der UGDA.

Samschdes, den 11. Dezember 2010 sangen d’Kanner aus dem Kannergesank um Biisser Chrëschtmaart just Chrëschtlidder. Den Opwand fir all eis ëmpfindlech Apparater an en Zelt ze brengen, ass ze grouss.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen mat 33 Primärschoulkanner.

2. Trimester

Sonndes, den 30. Januar huet de Kannergesank um Kongress vun der UGDA deelgeholl.

Op Kannermissiounssonndeg, de 6. Februar 2011 sange mir nees um 9.00 Auer eng Radiosmass. Am Januar hate mir 2 extra Prouwen mat de Musikanten.

De 27. Mäerz hate mir een Optrëtt zu Walfer am Centre Prince Henri um Bazar vum ‟Cercle d’Assistance aux Handicapés Physiques” (C.A.H.P.).

Den 3. Abrëll war een Optrëtt zu Bieschbech am Blannenheem um Bazar.

Den 9. Abrëll hate mir een Optrëtt um Gala-Concert vun der Biisser Musik.

Fir de Rescht waren d’Virbereedungen fir den Theateram 2. Trimester voll am gaang. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon direkt no der Radiosmass mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 14 Gesangprouwen a 10 Theaterprouwen mat 33 Primärschoulkanner.

3. Trimester

Den 8. Mee 2011 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Den 20. Mee an 21. Mee 2011 hu mir Theater gespillt. Um Programm stoung: De Prënz Owi léiert Kinnek bei de Primärschoulkanner an „Sister Act“ beim Jugendgrupp.

Vum 29. Mee bis den 2. Juni 2011 fuere mir an d’Belsch op Blankenberge. 30 Kanner a Jugendlecher mat 4 Begleeder si matgaangen. Dest Joer si mer fir d’éischte Kéier op Blankenberge gefuer, well zu Westende alles verkaaft ginn ass, an deen neie Propriétaire net méi u Gruppen verlount. Et war net einfach fir sou spéit eppes aneschtres ze fannen. Dat hei war e gudde Choix, mir si ganz zefridden. Et huet ganz vill Virdeeler vis-à-vis vun deem aneren a vun aneren méiglechen Logementer: Et ass alles relativ nei, propper, wäitleefeg, vill Spillméiglechkeeten, no beim Mier, keng geféierlech Stroosse méi, ...

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei hunn iwwer d’Hallschent vun eise Kanner deelgeholl.

Den 9. Juli sange mer d’Schoulschlussmass zu Biissen.

Den 10. Juli sange mer zu Miersch eng Kannermass.

Am 3. Trimester hate mir 9 Theater- an Gesangsprouwen. Et waren zum Schluss nach 33 Primärschoulkanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all puer Wochen eng Prouf, virum Theater awer méi oft. Do kënnen et dann bis zu 3 Prouwen d’Woch sinn, jee nodeem d’Prüfungen leien.

Beim groussen Theater hunn di 11 Jugendlech dëst Joer och een eegene Musical gespillt.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel.

Den 15. Oktober war dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich fest ze setzen.

Den 13. November an 11. Dezember waren dann nach zwou Prouwen mam Jugendgrupp.

De 7. Januar si mer mam Jugendgrupp eng Pizza iesse gaang.

De 14. Januar war de Jugendgrupp op d’Äispist Befort Schlittschung fueren.

Dono a bis den Theater hu mir haaptsächlech um Theater geprouft. Mir haten mam Jugendgrupp am ganzen 6 Theaterprouwen.

An der Belsch hu si eis och bei verschiddenen Aktivitéiten gehollef, wéi zum Beispill beim Frühsport a bei de Spiller. Si hunn och de Kuch an d’Bowle fir eis Ofschlossfeier preparéiert.

Den 6. September wäerte mer mam Jugendgrupp als Ofschloss vum Joer op d’Schueberfouer goen.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2010/2011 44 aktiv mannerjähreg Memberen hat, déi och alleguer praktesch ëmmer präsent waren. Si alleguer, wéi och di Memberen di am Hannergrond schaffen, sinn all an der UGDA gemellt.