Joresbericht 2008/2009

1. Trimester

Mëttwochs, den 17. September 2008 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 2. – 6. Schouljoer. Wéinst der grousser Nofro vun den 1. Schouljoerskanner, kënne si scho vun der 2. Woch un deelhuelen, an net wéi di Joeren virdrun eréischt an e puer Wochen.

Den 4. Oktober 2008 hu mir un den Feierlechkeeten fir d’Journée de Commémoration Nationale deelgeholl. Och hei hunn eng gutt Parti vun eise Kanner deelgeholl.

Freides, den 14. November 2008 hu mir e Spaghetti-Owend am Wonerbatti fir all eis Kanner a Jugendlech.

Freides, den 21. November 2008 molen all di 19 nei Kanner hier Uniform um 16.00 Auer an der Schoul.

Dënschdes, de 5. Dezember 2008 sangen d’Kanner am Ettelbrécker Altersheem Pontalize fir Nikloosdag e klenge Concert.

Sonndes, de 7. Dezember 2008 triede mir och dëst Joer nees um Fest vum 3. Alter zu Biissen an der Sportshal op.

Den 12. Dezember ware mir op Béiwen op d’Regionalversammlung vun der UGDA.

Den 13. Dezember 2008 spillen a sangen mir um Chrëschtmart zu Biissen am ganzen 3 mol e Chrëschtmusical. Ausserdeem verkafe mir Kannerglühwäin virum Zelt.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 9 Musicalprouwen mat 61 Primärschoulkanner.

2. Trimester

Am 2. Trimester hu mir haaptsächlech um grousse Musical geschafft. Et war dëst Joer e ganz groussen Musical mat ville Rollen.

Sonndes, den 25. Januar 2009 hu mir och um Kongress vun der UGDA deelgeholl.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 10 Gesangprouwen an 12 Theaterprouwen mat 61 Primärschoulkanner.

3. Trimester

Den 28. Mäerz 2009 fënnt zu Biissen di traditionnel Grouss Botz statt. Hei hu mir di éischte Kéier mat enger grousser Zuel Kanner deelgeholl.

Den 26. Abrëll 2009 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Den 20. Mee, den 22. an 23. Mee 2009 hu mir Theater gespillt, an zwar de ‟Klengen Dag”, e grousse Musical, dee schon ob groussen internationalen Bühnen gespillt ginn ass, normalerweis mat 60 bis 70 Leit. Mir hunn en op eis Verhältnisser adaptéiert, et hunn eng Parti Kanner bis zu 3 Rollen iwwerholl.

Fir eng besser Beleuchtung ze hunn, hu mir eis och eng eegen Liichtanlag ugeschaaft. Mat eiser eegener Mikrosanlag si mir lo gerüst.

Vum 25. Mee bis den 29. Mee 2009 fuere mir an d’Belsch op Westende. 38 Kanner a Jugendlecher mat 4 Begleeder si matgaangen. Dëst Joer ware mir een Dag méi laang do.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei hunn d’Hallschent vun eise Kanner deelgeholl.

Am 3. Trimester hate mir 15 Theater- an Gesangsprouwen. Et waren bis zum Schluss 61 Primärschoulkanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all 4-6 Wochen eng Prouf, virum Theater awer méi oft. Do kënnen et dann bis zu 3 Prouwen d’Woch sinn, jee nodeem d’Prüfungen leien. Beim groussen Theater ginn di Jugendlech am Virprogramm eng extra Virstellung.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel.

Den 20. September war dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich fest ze setzen.

Dono hate mir am 1. Trimester nach 2 Prouwen mat 8 Jugendlecher.

Den 2. Januar 2009 hu mir fir d’éischt geprouft, dono si mir zesummen Bowling an d’Fuussekaul spille gaang.

Den 24. Januar ass eng nächst Prouf.

An der Fuesvakanz, den 26. Februar gi mir no der Prouf zesummen an de Kino an dono eng Pizza iessen.

Vum Januar bis de Mee 2006, während 10 Prouwen, hunn di Jugendlech den Musical ‟Here we are” astudéiert.

D’Jugendlech sinn och mat an d’Belsch gaangen, an hunn eis och dëst Joer bei verschiddenen Aktivitéiten ënnert d’Hänn gegraff.

Et waren 8 Jugendlecher am Jugendgrupp.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2008/2009 69 aktiv Memberen hat, déi och alleguer praktesch ëmmer präsent waren. Si alleguer, wéi och di Memberen di am Hannergrond schaffen, sinn all an der UGDA gemellt.