Joresbericht 2007/2008

1. Trimester

Mëttwochs, den 19. September 2007 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 2. – 6. Schouljoer. Ab Allerhellgen kënnen dann och d’1. Schouljoerskanner matmaachen.

Den 7. Oktober 2007 hu mir un den Feierlechkeeten fir d’Journée de Commémoration Nationale deelgeholl. Och hei hun eng gutt Parti vun eise Kanner deelgeholl.

Vun no der Allerhellgenvakanz un, kënnen d’éischt Schouljoerskanner och bei eis matmaachen. Et hu sech 8 Kanner gemellt fir matzemaachen.

Freides, de 16. November 2007 molen all di nei Kanner hier Uniform um 16.00 Auer an der Schoul.

Dënschdes, de 4. Dezember 2007 spillen a sangen d’Kanner aus dem Kannergesank um 16.30 Auer zu Biissen an der Kierch e klengen Adventsmusical. Anschließend verbrenge mir alleguer den Owend zesummen bei engem Spagetti-Iessen am Wonerbatti.

Sonndes, den 9. Dezember 2007 triede mir och dëst Joer nees um Fest vum 3. Alter zu Biissen an der Sportshal op.

Den 10. Dezember ware mir op Clierf op d’Regionalversammlung vun der UGDA.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 13 Gesangprouwen an 9 Musicalprouwen mat 60 Primärschoulkanner.

2. Trimester

Sonndes den 20. Januar hu mir d’Radiosmass gesongen. Heifir hate mir 2 Prouwen mat de Musikanten virgesinn.

Sonndes, den 27. Januar hu mir och um Kongress vun der UGDA deelgeholl.

Fir de Rescht vum 2. Trimester hu mir scho mat de Virbereedungen fir den Theater ugefaangen. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon direkt no der Radiosmass mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 14 Theaterprouwen mat 60 Primärschoulkanner.

3. Trimester

Den 6. Abrëll 2008 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder. Dofir hu mir eng extra Prouf mat de Kommiounskanner zesummen Freides, den 4. Abrëll.

Den 30. Abrëll, den 2. an 3. Mee 2008 hu mir Theater gespillt, an zwar d’Liewen am All.

Vum 13. bis den 16. Mee 2008 fuere mir an d’Belsch op Westende. 42 Kanner a 7 Begleeder si matgaangen.

De 7. Juni 2008 triede mir op der Mammendagsfeier zu Eschduerf op a presentéiren hei nach eng Kéier di 2 Musicalen a Kuerzform.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei hunn d’Hallschent vun eise Kanner deelgeholl.

Am 3. Trimester hate mir 11 Gesang- an Theaterprouwen. Et waren bis zum Schluss 60 Primärschoulkanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all 3-4 Wochen eng Prouf. Beim groussen Theater ginn di Jugendlech am Virprogramm eng extra Virstellung.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel.

De 5. Oktober war dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich fest ze setzen.

Den 3. November si mir op d’Äispist op Kockelscheier gefuer an dono eng Pizza iessen.

Dono hate mir am 1. Trimester nach 2 Prouwen mat 15 Jugendlecher (10 aus dem Lycée an 5 aus dem 6. Schouljoer).

Vum Januar bis de Mee 2006, wähend 10 Prouwen, hunn di Jugendlech den ‟High School Musical meets ABBA“ astudéiert. 2 mol si mir awer och no enger Prouf entweeder an de Kino gefuer, oder op Bitburg an d’Schwemm, an all Kéier dono eppes iesse gaang.

D’Jugendlech sinn och mat an d’Belsch gaangen, och dëst Joer nees zum Deel , d.h. 2 vun hinnen als Moniteur.

Et waren 15 Jugendlecher am Jugendgrupp.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2007/2008 70 Memberen hat, déi och alleguer ëmmer präsent waren. Si alleguer sinn och an der UGDA gemellt.