Joresbericht 2006/2007

1. Trimester

Mëttwochs, den 20. September 2006 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 2. – 6. Schouljoer. Ab Allerhellgen kënnen dann och d’1. Schouljoerskanner matmaachen.

Den 1. Oktober 2006 ass zu Biissen den Hl. Rochus gefeiert ginn. Méi wéi d’Hallschent vun eise Kanner sinn mat an d’Mass gaang an hunn duerno un der Prëssessioun deelgeholl.

Den 8. Oktober 2006 hu mir un den Feierlechkeeten fir d’Journée de Commémoration Nationale deelgeholl. Och hei hun eng gutt Parti vun eise Kanner deelgeholl.

Vun no der Allerhellgenvakanz un, kënnen d’éischt Schouljoerskanner och bei eis matmaachen. Et hu sech 18 Kanner gemellt fir matzemaachen.

De 26. November 2006 hu mir mëttes um 15.30 Auer en Optrëtt um ‟Fest vum 3. Alter” zu Biissen an der Sportshal.

Samschdes, den 2. Dezember 2006 hu mir an der Stad am Conservatoire e grousse Kannerconcert mat engem Philharmonieorchester un deem e puer Kannerchéier aus dem Land deelhuelen. Et waren eng 150 Kanner derbäi. Enner anerem ass dem Tschaikowski säin ‟Nussknacker” opgefouert ginn an et sinn nach e puer aner Chrëscht- a Kleesercherslidder gesong ginn. Mir haten 2 gemeinsam Prouwen heifir am Conservatoire.

Samschdes, de 16. Dezember 2006 gestalte mir musikalesch eng Hochzäitsfeier zu Bruch an der Kierch.

De 12. Dezember ware mir op Clierf op d’Regionalversammlung vun der UGDA.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 15 Prouwen mat 70 Primärschoulkanner.

2. Trimester

Freides, den 12. Januar hunn di nei Kanner hir Uniform gemoolt.

Sonndes, den 28. Februar hu mir d’Radiosmass gesongen.

Fir de Rescht vum 2. Trimester hu mir scho mat de Virbereedungen fir den Theater ugefaangen. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon während der Fuesvakanz mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 17 Prouwen ouni d’Theaterprouwen mat 73 Primärschoulkanner. Et kommen do nach 9 Theaterprouwen derbäi.

3. Trimester

Den 22. Abrëll 2006 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder. Dofir hu mir eng extra Prouf mat de Kommiounskanner zesummen Freides, den 28. Abrëll.

Samschdes, de 5. Mee 2007 iwwerhëllt de Kannergesank bei der Biisser Musik hirem Galaconcert d’szenesch Gestaltung bei verschiddenen Musikstécker. Och hei hate mir 2 gemeinsam Prouwen.

De 18. an 19. Mee 2007 hu mir Theater gespillt.

Vum 29.5.bis den 1. Juni 2007 fuere mir an d’Belsch op Westende. 46 Kanner a 6 Begleeder si matgaangen.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei sinn 23 Kanner matgaangen.

Am 3. Trimester hate mir 15 Prouwen. Et waren bis zum Schluss 70 Primärschoulkanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all 3-4 Wochen eng Prouf. Beim groussen Theater ginn di Jugendlech am Virprogramm eng extra Virstellung.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel.

De 10. November um 19.00 Auer war dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich fest ze setzen.

Vum Januar bis de Mee 2006 hunn di Jugendlech den High School Musical astudéiert.

D’Jugendlech sinn och mat an d’Belsch gaangen, och dëst Joer nees zum Deel, d.h. 2 vun hinnen als Moniteur.

Et waren 14 Jugendlecher am Jugendgrupp.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2006/2007 84 Memberen hat, déi och alleguer ëmmer präsent waren. Si alleguer sinn och an der UGDA gemellt.