Joresbericht 2005/2006

1. Trimester

Mëttwochs, den 21. September 2005 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 2. – 6. Schouljoer. Ab Allerhellgen kënnen dann och d’1. Schouljoerskanner matmaachen.

Den 2. Oktober 2005 ass zu Biissen den Hl. Rochus gefeiert ginn. Méi wéi d’Hallschent vun eise Kanner sinn mat an d’Mass gaang an hunn duerno un der Prëssessioun deelgeholl.

Den 8. Oktober 2005 hu mir un den Feierlechkeeten fir d’Journée de Commémoration Nationale deelgeholl. Och hei hun eng gutt parti vun eise Kanner deelgeholl.

Vun no der Allerhellgenvakanz un, kënnen d’éischt Schouljoerskanner och bei eis matmaachen. Et hu sech 11 Kanner gemellt fir matzemaachen.

De 4. Dezember 2005 hu mir mëttes um 15.30 Auer en Optrëtt um ‟Fest vum 3. Alter“ zu Biissen an der Sportshal.

De 7. Dezember 2005 hate mer déi grouss Chance zu Biissen, de Siegfried Fietz zu Gaascht ze hunn. Dëse Komponist ass dee kreativsten modernsten Komponist vu Kierchelidder aus dem däitschsproochege Raum. Lidder wéi beispillsweis: ‟Glaubhaft leben“, ‟Von guten Mächten“, ‟Schalom“, ‟Gott bringt Farbe in dein Leben“, ‟Lieder, die wie Brücken sind“ stammen aus sénger Fieder. Zesumme mat der Par Biissen huet de Kannergesank de Concert an der Biisser Parkierch organiséiert, woubäi déi éischt Stonn speziell op Kanner zougeschnidden ass. De Concert geet um 19.00 Auer un. Rendez-vous fir d’Kanner um 18.30 Auer. D’Kanner sollen och hei an Uniform sinn.

Den 15. Dezember ware mir zu Miersch op d’Regionalversammlung vun der UGDA.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 14 Prouwen mat 48 Memberen.

2. Trimester

Freides, den 20. Januar hunn di nei Kanner hir Uniform gemoolt.

Sonndes, den 30. Januar war d’Generalversammlung vun der UGDA, wou mir och deelgeholl hunn.

De 5. Februar 2006 hu mir d’Radiosmass gesongen. Dest Joer ass se nees live iwwert de Radio iwwerdroe ginn. Fir di 2 nächst Joer si mir och scho gefrot ginn, fir ëm di selwecht Zäit d’Radiosmass ze sangen. Et wäert dat den 28. Januar 2007 sinn an de Kannermissiounssonndeg 2008.

Fir de Rescht vum 2. Trimester hu mir scho mat de Virbereedungen fir den Theater ugefaangen. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon während der Fuesvakanz mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 20 Prouwen mat 47 Kanner.

3. Trimester

Den 30. Abrëll 2006 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder. Dofir hu mir eng extra Prouf mat de Kommiounskanner zesummen Freides, den 28. Abrëll.

De 26. a 27. Mee 2006 hu mir Theater gespillt.

Vum 6. bis den 9. Juni 2006 fuere mir an d’Belsch op Westende. 39 Kanner a 5 Begleeder si matgaangen.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei sinn 23 Kanner matgaangen.

Am 3. Trimester hate mir 18 Prouwen, déi zum Deel paralell gelaf sinn: een Deel Theater an Danzprouf, een aneren Deel Gesangprouf.

Et waren bis zum Schluss 47 Kanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet all 3-4 Wochen eng Prouf. Beim groussen Theater ginn di Jugendlech am Virprogramm eng extra Virstellung.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel.

Mir maachen mat de Jugendlech bal all Schoulvakanz eng extra Aktivitéit, wéi z.B. an de Kino goen, eng Pizza iessen, Schlittschung fueren, op d’Schueberfouer goen...

De 14. Oktober 2005 um 19.00 Auer war dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich fest ze setzen.

Vum Januar bis de Mee 2006 hunn di Jugendlech franséisch Lidder astudéiert, déi si dann am Virprogramm vum Theater presentéiert hunn.

D’Jugendlech sinn och mat an d’Belsch gaangen, och dëst Joer nees zum Deel, d.h. 6 vun hinnen als Moniteur. Dëst huet sech als ganz positiv erausgestallt, vun eis aus an och vun hinnen aus.

Et waren 14 Jugendlecher am Jugendgrupp.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2005/2006 61 Memberen hat, déi och alleguer ëmmer präsent waren. Si alleguer sinn och an der UGDA gemellt.