Joresbericht 2004/2005

1. Trimester

Den 18. September 2004, scho virum offiziellen Ufank vum Joer, d.h. ir mer di éischt Prouf haten, huet den Kannergesank een Deel vun der musikalescher Gestaltung vum Här Dechen Ferdy Fischer sengem Abschied vu Biissen an der Mass mat gestallt.

Mëttwochs, den 29. September 2004 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 2. – 6. Schouljoer. Ab Allerhellgen kënnen dann och d’1. Schouljoerskanner matmaachen.

Den 3. Oktober 2004 ass zu Biissen den Hl. Rochus gefeiert ginn. Méi wéi d’Hallschent vun eise Kanner sinn mat an d’Mass gaang an hunn duerno un der Prëssessioun deelgeholl.

Den 9. Oktober 2004 hu mir un den Feierlechkeeten fir d’Journée de Commémoration Nationale deelgeholl. Och hei hun eng gutt parti vun eise Kanner deelgeholl.

Vun no der Allerhellgenvakanz un, kënnen d’1. Schouljoerskanner och bei eis matmaachen. Et hu sech 11 Kanner gemellt fir matzemaachen.

Den 19. November 2004 molen all di nei Kanner, déi nach keng Uniform hunn, hier Méck resp. hiert seidend Duch.

De 27. November 2004 ass am Kader vum Cäeciliendag e grousse Concert am Festsall vun der Aler Gemeng. Mir sangen zesummen mat der Chorale Ste. Cécile vu Biissen.

De 5. Dezember 2004 hu mir mëttes um 16.00 Auer en Optrëtt um ‟Fest vum 3. Alter“ zu Biissen an der Sportshal.

Den 12. Dezember 2004 hate mir en Optrëtt um Chrëschtmaart vun HMC zu Biissen.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 12 Prouwen mat 47 Memberen.

2. Trimester

Den 23. Januar 2005 hu mir d’Radiosmass gesongen. Dest Joer ass se nees live iwwert de Radio iwwerdroe ginn. Fir d’nächst Joer si mir och scho gefrot ginn, fir nees eng Kéier op Kannermissiounssonndeg des Mass ze sangen. Et wäert dann den 5. Februar 2006 sinn.

Fir de Rescht vum 2. Trimester hu mir scho mat de Virbereedungen fir den Theater ugefaangen. Mir hunn d’Rolle verdeelt an scho mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 18 Prouwen mat 47 Kanner.

3. Trimester

Den 10. Abrëll ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder. Dofir hu mir eng extra Prouf mat de Kommiounskanner zesummen Freides, den 8. Abrëll.

De 6. a 7. Mee 2005 spille mir Theater. 4 Prouwen vun den Textrollen hu schon an der Ouschtervakanz stattfonnt. No der Kommioun sinn d’Prouwen fir den Theater da fir d’Kanner alleguer.

Vum 17. bis den 20. Mee fuere mir an d’Belsch op Westende. 39 Kanner a 5 Begleeder si matgaangen.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei sinn 32 Kanner matgaangen.

Am 3. Trimester hate mir 13 Prouwen, déi zum Deel parallel gelaf sinn: een Deel Theater an Danzprouf, een aneren Deel Gesangprouf.

Et waren bis zum Schluss 47 Kanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet all 3-4 Wochen eng Prouf. Beim groussen Theater ginn di Jugendlech am Virprogramm eng extra Virstellung.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel.

Mir maachen mat de Jugendlech all Schoulvakanz eng extra Aktivitéit, wéi z.B. an de Kino goen, eng Pizza iessen, Schlittschung fueren, op d’Schueberfouer goen ...

Den 11. Oktober 2004 um 19.00 Auer war dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich fest ze setzen.

Eng nächst Prouf ass Samschdes den 23.Oktober vun 10 -12 Auer.

Di nächst Prouwen sinn den 3. an den 4. November 2004 all Kéiers vun 10 – 12 Auer.

Vum Januar bis de Mee 2005 hunn di Jugendlech e klenge, musikalesche Sketch mat Disney-Lidder astudéiert, deen am Virprogramm vum Theater presentéiert gëtt.

D’Jugendlech sinn och mat an d’Belsch gaangen, dëst Joer zum Deel , d.h. 6 vun hinnen als Moniteur. Dëst huet sech als ganz positiv erausgestallt, vun eis aus an och vun hinnen aus.

Et waren 12 Jugendlecher am Jugendgrupp.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2004/2005 59 Memberen hat, déi och alleguer ëmmer präsent waren.