Joresbericht 2003/2004

1. Trimester

Mëttwochs, de 17. September 2003 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 2. – 6. Schouljoer. Ab dem 2. Trimester kënnen dann och d’1. Schouljoerskanner matmaachen.

De 4. Oktober 2003 sange mir zu Miersch d’Owesmass. Hei ass de Programm vun der Radiosmass nach eng Kéier gesonge ginn.

De 5. Oktober 2003 ass zu Biissen den Hl. Rochus gefeiert ginn. Méi wéi d’Hallschent vun eise Kanner sinn mat an d’Mass gaang an hunn duerno un der Prëssessioun deelgeholl.

Den 11. Oktober 2003 hu mir un den Feierlechkeeten fir d’Journée de Commémoration Nationale deelgeholl. Och hei hu méi wéi d’Hallschent vun eise Kanner deelgeholl.

Den 21. November 2003 molen all di nei Kanner, déi nach keng Uniform hunn, hier Méck resp. hiert seidend Duch.

Den 29. November 2003 ass am Kader vum Cäeciliendag e grousse Concert am Festsall vun der Aler Gemeng. Mir sangen zesummen mat der Chorale Ste. Cécile vu Biissen.

De 7. Dezember 2003 hu mir mëttes um 16.00 Auer en Optrëtt um ‟Fest vum 3. Alter” zu Biissen an der Sportshal.

Den 13. Dezember 2003 verschéinere mir zu Bierschbech am Blannenheem eng Chrëschtfeier, déi organiséiert ass vum Mierscher Gaart an Heem an de Mierscher Jeunes Mamans.

Den 20. Dezember 2003 huele mir deel un der Weihnachtshistorie organiséiert vun ‟Les Soirées Musicales de Bissen” zu Biissen an der Kierch. Eis Kanner hunn d’Chrëschtgeschicht pantomimesch duergestallt.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 15 Prouwen mat 44 Memberen.

2. Trimester

Vum 2. Trimester un, kunnten d’Kanner aus dem 1. Schouljoer och deelhuelen. Et sinn 16 Kanner aus dem 1. Schouljoer beikomm.

Den 8. Februar 2004 hu mir d’Radiosmass gesongen. Dest Joer ass se live iwwert de Radio iwwerdroe ginn. Fir d’nächst Joer si mir och scho grfrot ginn, fir nees eng Kéier op Kannermissiounssonndeg des Mass ze sangen. Well dest normalerweis op ee Sonndeg vun der Fuesvakanz gefall wär, a mir do net bereed waren, d‘’Offer unzehuelen, ass de Kannermissiounssonndeg no vir gereckelt ginn, an zwar op den 23. Januar. Sou kunnte mir den Verantwortlechen aus dem Bistum eis Zouso ginn.

Den 12. Mäerz 2004 hunn di nei Kanner hier Uniform gemoolt.

Fir de Rescht vum 2. Trimester hu mir scho mat de Virbereedungen fir den Theater ugefaangen. Mir hunn d’Rolle verdeelt an scho mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 15 Prouwen. Et waren 55 Memberen am Kannergesank.

3. Trimester

De 25. Abrëll ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder. Dofir hu mir eng extra Prouf mat de Kommiounskanner zesummen Mëttwochs, den 21. Abrëll

Den 21. an 22. Mee 2004 spille mir Theater. D’Prouwen vun den Textrollen hu schon an der Ouschtervakanz ugefaangen. No der Kommioun sinn d’Prouwen fir den Theater da fir d’Kanner alleguer.

Vum 1. bis de 4. Juni fuere mir an d’Belsch op Westende. 39 Kanner a 5 Begleeder si matgaangen.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei sinn 33 Kanner matgaangen.

Jugendgrupp

Vun dësem Joer un, hu mir e Jugendgrupp. Jiddfer Jugendlechen, deen interesséiert ass bei eis matzemaachen, ass häerzlech wëllkomm. De Jugendgrupp huet all 3-4 Wochen eng Prouf. Beim groussen Theater ginn di Jugendlech am Virprogramm eng extra Virstellung.Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel. Mir maachen mat de Jugendlech all Schoulvakanz eng extra Aktivitéit, wéi z.B. an de Kino goen, eng Pizza iessen, Schlittschung fueren,... .

Aktivitéiten, déi bis elo stattfonnt hunn:

Di nächst Prouf ass op Méindes, den 29. Mäerz vun 18.30 bis 20.00 Auer festgeluegt ginn.

An der Ouschtervakanz sinn 2 Prouwen fir de musikalesche Sketch op eisen Theaterowender virgesinn: Méindes, den 5. Abrëll vun 10.00 – 11.30 Auer an Mëttwochs, den 7. Abrëll vun 10.00 – 11.30 Auer. Den 8. Mee war di éischt Prouf op der Bühn. Eng 2. Prouf op der Bühn war Méindes owes, den 10. Mee.

Weider Prouwen fir den Theater waren:

D’Jugendlech sinn och mat an d’Belsch gaangen a si hunn eis gesot, dass si d’nächst Joer nees derbäi wären.