Joresbericht 2002/2003

1. Trimester

Den 30. September 2002 ass di 1. Prouf an der Schoul.

Den 9. Oktober 2002 hu mir d’Kanner vum 6. Schouljoer an d’Kanner aus dem Lycée zesummegeruff, fir mat hinnen iwwert e Weiderschaffen iwwert d’Primärschoul eraus ze schwätzen. Hei wollte mir hinnen all Fräiheet loossen, wat d’Zäiten vun de Prouwen an och de Programm ugeet. Leider ware keng Kanner aus dem Lycée interesséiert an et sinn nëmmen d’Kanner aus dem 6. Schouljoer komm. Dofir hu mir décidéiert, dëse Projet bis dat nächst Joer op Äis ze leeën.

Den 12. Oktober 2002 hu mir mat 21 Kanner un de Feierlechkeeten fir d’Journée de Commémoration Nationale deelgeholl.

Vum 28.Oktober bis den 31. Oktober 2002 hu 7 Kanner um Stage de formation ‟Les enfants qui chantent” zu Woltz, organiséiert vun der UGDA, deelgeholl.

Den 8. November 2002 hunn die Kanner déi dëst Joer nei an de Kannergesank komm sinn hir Méck oder hiert Seidenduch vun der Uniform gemoolt.

Den 23. November 2002 hu mir zesummen mat dem Biisser Gesankveräin e Concert am Festsall vun der Aler Gemeng ginn. Jiddfer Chouer huet fir d’éischt e puer Stecker eenzel gesongen, ier mir dann zum Schluss 2 Lidder zesummen gesongen hunn.

Den 8. Dezember 2002 sangen d’Kanner um Fest vum 3. Alter zu Biissen an der Sportshal. Leider war et hei, bedingt duerch d’schlecht Loft am Raum, e puer Kanner schlecht ginn.

Den 10. Dezember 2002 huet de Kannergesank beim Krëppespill vum 2. Schouljoer gehollef dës Feier ze verschéineren, duerch d’Sangen vu Chrëschtlidder an d’Présentéieren vun engem klengen Stäerespill.

De 14. Dezember 2002 trieden mir op am Blannenheem zu Bieschbech/Miersch bei enger Chrëschtfeier, déi organiséiert war vun den Jeunes Mamans Miersch. Och hei hu mir Chrëschtlidder an eist Stäerespill présentéiert.

De 24. Dezember 2002 sange mir virun de Metten, während dem Krëppespill vun de Kanner aus den 5. a 6. Schouljoeren, e puer Chrëschtlidder.

Während dem 1. Trimester 2002/2003 haten d’Kanner am Ganzen 15 Prouwen. Während dësem Trimester waren 41 Kanner Member vum Kannergesank.

2. Trimester

Vum 2. Trimester un, hu mir och de Kanner aus dem 1. Schouljoer d’Geleeënheet gebueden fir bei eis deelzehuelen. 7 Kanner hunn dovun profitéiert a sinn Member ginn.

Den 31. Januar 2003 hunn dës Kanner hier Uniform gemoolt.

Den 16. Mäerz 2003 hu mir zesummen mat der Chorale Ste Cécile vu Biissen e Concert Spirituel an der Kierch présentéiert.

Den 29. Mäerz 2003 ass d’Radiosmass vu Biissen aus der Parkierch iwwerdroe ginn. Dës Mass huet de Kannergesank zesummen mam Här Kaploun geplangt an d’Kanner hunn net nëmme gesongen, mee si hunn och all Texter, d’Liesung an d’Fürbitten selwer virgedroen.

An der Ouschtervakanz hunn d’Haaptakteuren vum Theater, dat waren 9 Kanner, 5 mol während eng bis annerhallef Stonn geprouft. Dës Prouwen sinn op hieren eegene Wonsch hinn während der Vakanz ofgehale ginn.

Während dem 2. Trimester 2002/2003 haten d’Kanner am Ganzen 14 Prouwen. Während dësem Trimester waren 46 Kanner Member vum Kannergesank.

3. Trimester

Den 4. Mee 2003 hu mir d’Kommiounsmass zu Biissen mat eisem Gesank verschéinert.

Den 23. an 24. Mee 2003 hu mir Theater gespillt. ‟D’Verluere Melodie” sinn am Ganzen eppes iwwer 200 Leit, Kanner an Erwuessener, kucke komm.

Zwee Deeg duerno, den 26. Mee 2003 hu mir dunn mat 26 Kanner fir 3 Deeg zu Westende an der Belsch e Stage gemaach. Et waren 4 erwuessen Begleeder derbäi. Mir hate vill vir, mee net dat schlecht Wieder, mee dat gutt Wieder huet eis e Strëch duerch de Programm gemaach. Villes kunnte mir net maachen, well et einfach ze schued gewiecht wär, ëmmer dobannen ze bleiwen.

Am grousse Ganzen ware mir all zefridden a well et eis all esou gutt gefall huet, hu mir och schon fir d’nächst Joer réservéiert, an zwar an der Päischtvakanz, vum 1. bis den 4. Juni 2004.

Den 31. Mee 2003 hate mir en Optrëtt op der Mammendagsfeier vum Biisser Blummenveräin.

Den 22. Juni 2003 huele mir mat 22 Kanner um Te Deum fir Nationalfeierdag deel.

Et war geplangt, den 28. Juni op Miersch d’Owesmass sangen ze goen. Do ass awer leider aus Zeitmangel näischt draus ginn. Mir huelen dat awer am Hierscht no.

Den 12. Juli 2003 ass eis Generalversammlung.

Den 14. Juli 2003 spille mir, op Wonsch vum Léierpersonal, eng Kéier muerges an eng Kéier mëttes de Musical ‟D’Verluere Melodie” fir all d’Schoulklassen aus der Spillschoul an dem Primäire vu Biissen.

Well mir d’Kanner nom 6. Schouljoer net verléiere wëllen, hu mir eis laang iwwerluegt, wéi mir de Feeler vum leschte Joer vermeide kënnen, an hinnen e schéinen Iwwergang an d’Kolléischliewen bereeden kinnten.

Mir hunn dofir décidéiert, um Enn vun all Joer d’Kanner aus dem 6. Schouljoer op e ‟Pizza-Iessen” ze invitéieren, fir hinne Merci ze soen, dass si ëmmer esou voll engagéiert derbäi waren. Mir profitéieren dann awer an engems vun der Geleeënheet, si ze invitéieren och iwwert d’Primärschoul eraus, bei eis ze bleiwen.

Dëse Méindeg, de 14. Juli gi mir dofir mat 7 Kanner aus dem 6. Schouljoer op Miersch eng Pizza iessen. Hei schwätze mir mat hinnen iwwert den Ufank vun engem neien Jugendchouer, bei deem mir hinnen Fräihand loossen wat d’Proufzäiten an de Programm ugeet.

Während dem 3. Trimester haten d’Kanner am Ganzen 13 Prouwen. Um Schluss vun dësem Joer hu mir 43 Memberen.