Joresbericht 2001/2002

1. Trimester

Den 21. September 2001 ass di 1. Informatiounsversammlung vum neie ‟Biisser Kannergesank asbl.” fir d’Kanner vum 2. bis d’6. Schouljoer. An de nächste Wochen melle sech 43 Kanner un. Am 1. Trimester sinn d’Prouwe Méindes vun 13.15 bis 14.00 Auer fir d’Kanner vum 2. an 3. Schouljoer. D’Kanner vum 4., 5. a 6. Schouljoer prouwe freides vun 13.15 – 14.00 Auer.

De 6. Oktober 2001 huelen 27 Kanner vum ‟Biisser Kannergesank” un der Journée de Commémoration Nationale deel.

Vum 28. Oktober bis den 31. Oktober 2001 gi 7 Kanner vum ‟Biisser Kannergesank” matt op Woltz op e Stage ‟Les enfants qui chantent”, organiséiert vun der UGDA. D’Huguette Muller-Kirsch geet och mat, fir ze kucken, wat d’Kanner do léieren.

Den 9. November an 23. November 2001 hunn d’Kanner sech hir Seideméck oder hiert Seidenduch, déi/dat zur Uniform gehéiert, selwer gemoolt.

D’Kulturkommissioun huet den 1. Dezember 2001 am Kader vun ‟Les soirées musicales de Bissen” de Bouwechouer ‟Pueri Cantores Olivenses” aus Polen agelueden. Si ass un de ‟Biisser Kannergesank” erugetrueden fir ze hëllefen d’Kanner an hir Begleeder ze logéieren. Am Nomëtten hunn di 2 Kannerchéier eng gemeinsam Gesangstonn an der Kierch.

Den 9. Dezember 2001 trieden 37 Kanner vum Biisser Kannergesank um Fest vum 3. Alter zu Biissen an der Sportshal op. Niewt e puer Lidder, déi vun alle Kanner gesonge ginn, spillen och 4 Kanner aus dem 2. Schouljoer e klenge Sketch ‟ De Bopi a säin Enkel”.

Den 21. Dezember + 22. Dezember 2001 hunn d’Kanner Theater gespillt. De Chrëschtstär an d’Déieren” huet trotz dem schlechten Wieder vill Leit ugezunn. Di 2 Deeg sinn zesumme bal 200 Erwuessener a méi wéi 200 Kanner kucke komm. D’Kanner hu vill misse prouwen fir d’Theatervirstellung: 19 Theaterprouwen an 13 Gesanksprouwen.

De 24. Dezember 2001 sangen d’Kanner aus dem ‟Biisser Kannergesank” e puer Chrëschtlidder während dem Krëppespill vum 5. a 6. Schouljoer an der Chrëschtnuecht an der Kierch zu Biissen.

Während dem 1. Trimester haten d’Kanner am Ganzen 29 Prouwen.

2. Trimester

Vum 2. Trimester u prouwen d’Kanner alleguer, d.h. d’Kanner vum 2. – 6. Schouljoer zesummen an zwar méindes vun 13.15 – 14.00 Auer.

Den 3. Februar 2002 sangen d’Kanner am Kader vun der Kannerkulturwoch, organiséiert vum Eltereveräin vu Biissen, op der Begréissungsfeier e puer Lidder a présentéieren e musikalesche Sketch ‟De klenge Geiespiller”.

De 24. Mäerz 2002 fueren 28 Kanner an de Stater Conservatoire de Kannermusical ‟Der kleine Eisbär” kucken.

Am 2. Trimester haten d’Kanner am Ganzen 12 Prouwen.

3. Trimester

De 14. Abrëll 2002 ënnerstëtzen d’Kanner aus dem Biisser Kannergesank d’Kommiounskanner während der Kommiounsmass bei 6 Lidder. Virdrun hu si während 2 Prouwen zesummen d’Lidder geübt.

Den 26. + 27. Abrëll an den 10. + 11. Mee 2002 bastelen d’Kanner Musiksinstrumenter aus Bambus an Papier-Maché.

Den 2. Juni 2002 trieden d’Kanner zu Rolleng/Mersch am Nomëtteg um Duerffest op. 34 Kanner présentéieren ‟d’Vogelhochzeit”, eng musikalesch Geschicht, bei déer di gebastelt Instrumenter agesat ginn. Ausserdem begleeden 5 Kanner d’Geschicht mat hiren eegenen Instrumenter.

De 15. Juni 2002 verschéineren d’Kanner duerch hir Virstellung vun der Vogelhochzeit eng Mammendagsfeier an der Fiels.

Den 22. Juni 2002 huelen d’Kanner um Te Deum fir Nationalfeierdag deel.

Den 23. Juni 2002 owes um 18.00 Auer gëtt d’Vogelhochzeit der Famill vun de Kanner virgefouert. Duerno ass dann di 1. Generalversammlung vum ‟Biisser Kannergesank”. Anschliessend gëtt den Owend dann bei engem klengen Iessen ausklenge gelooss. Offiziell ass mat dësem Owend dat 1. Joer ‟Biisser Kannergesank” eriwwer.

Den 24. Juni 2002 maachen 35 Kanner als Ofschloss vum Joer en Ausflug an d’Grottes de Han an der Belsch. Départ ass um 8.30 Auer a géint 18.30 si mir ërëm.

Am 3. Trimester haten d’Kanner am Ganzen 21 Prouwen.