Mary Poppins

17. Mee 2019 – 19. Mee 2019

London, ëm 1910. De Michael an d‘Jane Banks gi vun hiren Elteren vernoléissegt. De Mr Banks ass ee Bankugestallten, an deem sengem Dagesoflaf d‘Kanner kaum Plaz hunn, an d‘Mrs Banks verwennt hier Zäit haaptsächlech fir de Kampf ëm d‘Fraenwahlrecht. D‘Kanner vergraulen ee Kannermeedchen nom aneren, bis enges Daags de Wand sech dréint an d‘Mary Poppins buchstäblech an d‘Haus geflattert kënnt. D‘Mary Poppins erobert ganz schnell d‘Häerzer vum Jane a Michael Banks. Zesummen mam Bert, ee Frënd vum Mary Poppins, erliewen d‘Kanner erstaunlech Abenteuer. Natierlech erfëllt d‘Mary Poppins awer och hir eigentlech Missioun: si mécht den Elteren d‘Aen op a bréngt d‘Familljeliewen vun der Famill Banks nees an d‘Reih.


De Biisser Kannergesank erënnert drun, dass d’Besicher vun eiser Internetsäit d’Privatsphär vun de fotograféierte Leit respektéiere mussen. Dat heescht ënner anerem, datt dës Fotoen net ouni explizit Zoustëmmung vun de betraffene Persounen iwwer sozial Medien gedeelt dierfe ginn.