Klangvoll wéi den Numm ass dëst alt russescht Mäerchen. Et héiert een d’Wäit vum Land an d’Keelt vum russesche Wanter. D’Instrumenter sangen d’Weisen vun Trauer, Hoffnung an nei entdeckter Liewensfreed. Stëmmungsvoll agebett a Musik ass dës Erzielung iwwer Angscht an Hoffnung, iwwer menschlech Stäerken an Schwächten an di gréisst Bedeitung vun Hëllefsbereetschaft, Léift a Liewen.
Hätt d’Varenka net gehollef, da kéinnt dem Pjotr seng Geess am Fréijohr keng Kleng méi kréien. De Stjepan, de Moler, kéinnt ni méi Biller molen, an dem Bodula seng Dauf net méi wäit fort fléien, fir der Welt ze verkënnegen, dass de Fridden nees an d’Land agzunn ass.


