Den Tao, ee klenge Kueb war ëmmer frou a glécklech. Enges Dags ännert sech des schéi Welt fir den Tao. Hee fënnt op séngem Wee ee blénkegt Goldstéck. Well heen lo ëmmer op säi Goldstéck obpasse muss, mierkt den Tao op eemol voller Schreck, dat en all seng schéi Plomme verluer huet. A senger Trauer begéint den Tao dem Gléckskäferche Coccinella. Zesumme maache si sech op d’Sich nom Tao senge Plommen. Heibei léiert den Tao, datt wierklecht Gléck net duerch Gold oder aner materiell Géigestänn erreecht ka ginn an datt et am Liewen Werter ginn, déi een nimols däerf opginn.


















