De Mats fënnt an enger Hiel op senger Insel e Wonnersteen. Dee Steen strahlt net nëmme Liicht, mee och Wäermt aus. De Balthasar, déi eelste Maus op der Insel erkläert, datt d’Mäis, wa se eppes vun der Insel ewech huelen, hir eppes aneres an d’Plaz musse ginn. Schnell deelen d’Mäis sech an zwou Gruppen, déi eng, déi dem Balthasar Recht ginn an déi aner, déi ëmmer méi Steng wëllen zesumme sammelen, fir räich ze ginn. Bis si enges Daags ze wäit ginn!



