Iwwert de Jugendgrupp

Am Jugendgrupp ka jiddfereen ab Septième deelhuelen. D’Prouwe sinn ongeféier all 3-5 Wochen eng Kéier, mee de Wochendag an d’Auerzäit variéieren vu Kéier zu Kéier. Mir leeën d’Prouwen zesumme mat de Jugendleche fest, a probéieren keng Prouf an d’Prüfungszäiten ze leeën. Un all Aktivitéit vum Kannergesank däerf de Jugendgrupp natierlech och deelhuelen: z.B. bei Optrëtter, Stagen, … Iwwert de Jugendgrupp weiterlesen