Op enger Sylvesterparty léieren den Troy, de Basketkapitän an d’Gabriella, e Mathe-Genie sech bei engem onfräiwëllegen Karaokeoptrëtt kennen. No der Vakanz gi si och zesummen op d’East High School, eng Schoul, an där et Clique vu Sportler, Cheerleader, Schlaumeier a Skateboarder gett. Den Troy an d’Gabriella melle sech fir eng Haaptroll am Schoulmusical ze kréien, wat der momentaner Schoul-Diva Sharpay a sengem Brudder Ryan guer net gefällt. Dës zwee probéieren natierlech alles, fir den Troy an d’Gabriella um Sangen ze hënneren. Gläichzäiteg wëllen och dem Troy säi Basket-Team an dem Gabriella säi Mathe-Team déi zwee ausernee brengen. Sou kënnt et, datt d’Championship-Spill, d’Mathemeeschterschaft an de Casting fir de Musical op de selwechten Dag falen…



