Am Land Singsabar gëtt all Mënsch mat enger eegener Melodie gebuer, déi en duerch d’ganzt Liewen begleet. De gehässegen alen Zauberer Atonall kennt keng Lidder a baut eng béiss Maschinn, d’Lidderleed, mat där en dem Meedchen Melodia seng Melodie eweghëllt. D’Melodia ass ouni seng Melodie zudéifst onglécklech, well fir d’Singsabarianer ass déi ugebuere Melodie d’Häerzstéck vun hirer Séil. Zesummen mat hirem Schoulkommerod Singsong mécht et sech op d’Sich no der verluerener Melodie.




