De gudden ale Mound huet et fir d’éischt bemierkt: D’Dramfléier si verschwonnen, den Himmel eidel an däischter. Kee ka sech vun elo u méi u seng Dreem erënneren. Schaureg dëse Gedanken, datt d’Dramfléier fir ëmmer veschwonne kéinte sinn. Wee kéint hinnen hëllefen? Wee kéint si, wa néideg, souguer befreien?










