Varenka · De Chrëschtstäer an d'Déieren · D'Verluere Melodie · Tao · De Reeboufësch · D'Dramfléier · Mats · D'Liichtblécker · Liewen am All · De Chrëschtstäer · De klengen Dag · E Kand an e Kinnék · De Max an d'Zaubertrommel · De Prënz Owi léiert Kinnék · Wonnerbar Chrëschtdagszäit

Mats

(Mee 2007)

Mats

De Mats fënnt an enger Hiel op senger Insel e Wonnersteen. Dee Steen strahlt net nëmme Liicht, mee och Wäermt aus. De Balthasar, déi eelste Maus op der Insel erkläert, datt d'Mäis, wa se eppes vun der Insel ewech huelen, hir eppes aneres an d'Plaz musse ginn. Schnell deelen d'Mäis sech an zwou Gruppen, déi eng, déi dem Balthasar Recht ginn an déi aner, déi ëmmer méi Steng wëllen zesumme sammelen, fir räich ze ginn. Bis si enges Daags ze wäit ginn!

Highschool Musical

Op enger Sylvesterparty léieren den Troy, de Basketkapitän an d'Gabriella, e Mathe-Genie sech bei engem onfräiwëllegen Karaokeoptrëtt kennen. No der Vakanz gi si och zesummen op d'East High School, eng Schoul, an där et Clique vu Sportler, Cheerleader, Schlaumeier a Skateboarder gett. Den Troy an d'Gabriella melle sech fir eng Haaptroll am Schoulmusical ze kréien, wat der momentaner Schoul-Diva Sharpay a sengem Brudder Ryan guer net gefällt. Dës zwee probéieren natierlech alles, fir den Troy an d'Gabriella um Sangen ze hënneren. Gläichzäiteg wëllen och dem Troy säi Basket-Team an dem Gabriella säi Mathe-Team déi zwee ausernee brengen. Sou kënnt et, datt d'Championship-Spill, d'Mathemeeschterschaft an de Casting fir de Musical op de selwechten Dag falen...