Joresbericht 2009/2010

1. Trimester

Mëttwochs, de 16. September 2009 ass di 1. Prouf vun 13.10-13.55 fir d’Primärschoulkanner vum 1. – 6. Schouljoer.

Samschdes, de 24. Oktober 2009 um 18.00 Auer ass zu Biissen d’Virstellungsmass vun den Eischtkommiounskanner. De musikaleschen Deel iwwerhëllt de Kannergesank.

Freides, den 13. November 2009 molen all di nei Kanner hier Uniform um 16.00 Auer an der Schoul.

Freides, den 28. November 2009 sange mir d’Familljemass zum 1. Advent owes um 18.00 Auer zu Biissen an der Kierch. Anschließend ass eise Spagetti-Owend fir all d’Kanner an d’Jugendlech aus dem Kannergesank.

Den 11. Dezember 2009 ware mir op Ielwen op d’Regionalversammlung vun der UGDA.

Een Abléck an eis Prouwen: Di lescht Prouf vum 1. Trimester.

Samschdes, den 12. Dezember 2009 spillen a sangen d’Kanner aus dem Kannergesank um Biisser Chrëschtmaart, organiséiert vun der Jugend- a Sportskommissioun vu Biissen, e klengen Adventsmusical. Mir spillen a sangen 3 mol, an zwar um 11.00 Auer, um 14.30 Auer an um 17.00 Auer an engem Zelt. Dertëschent verkeeft de Kannergesank Kannerglühwäin.

Am 1. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen an 9 Musicalprouwen mat 40 Primärschoulkanner.

2. Trimester

Sonndes, den 31. Januar hu mir um Kongress vun der UGDA deelgeholl.

Op Kannermissiounssonndeg, de 7. Februar 2010 sange mir nees um 9.00 Auer eng Radiosmass. Am Januar hate mir 2 exta Prouwen mat de Musikanten.

Fir de Rescht vum 2. Trimester hu mir scho mat de Virbereedungen fir den Theater ugefaangen. Mir hunn d’Rolle verdeelt an schon direkt no der Radiosmass mat de Prouwen ugefaangen.

Am 2. Trimester hate mir am Ganzen 12 Gesangprouwen a 16 Theaterprouwen mat 40 Primärschoulkanner.

3. Trimester

De 27. Mäerz 2010 fënnt zu Biissen di traditionnel Grouss Botz statt. Hei hu mir deelgeholl, mee leider war kee Kand, ausser eisen eegenen derbei.

1. Abrëll 2010: Mir besti schon zanter 9 Joer an hunn eis elo endlech am Handelsregester agedroen, sou dass mir ab 1. Abrëll 2010 eng richteg ASBL sinn.

Den 18. Abrëll 2010 ass zu Biissen di 1. Hl Kommioun. Mir sangen och dëst Joer mat de Kommiounskanner während der Mass e puer Lidder.

Den 14. Mee an 15. Mee 2010 hu mir Theater gespillt, an zwar dëst Joer an der Sportshal. Um Programm stoung: ‟De Max an d’Zaubertrommel” bei de Primärschoulkanner an ‟Dunkle Augen, Schwarzes Haar” beim Jugendgrupp.

Vum 24. Mee bis den 28. Mee 2010 fuere mir an d’Belsch op Westende. 36 Kanner a Jugendlecher mat 4 Begleeder si matgaangen.

Den 12. Juni 2010 hu mir e klenge Concert op der Mammendagsfeier zu Biissen gesongen.

Den 22. Juni huele mir och nees um Te Deum fir Nationalfeierdag deel. Hei hunn iwwer d’Hallschent vun eise Kanner deelgeholl.

Am 3. Trimester hate mir 15 Theater- an Gesangsprouwen. Et waren bis zum Schluss alle 40 Primärschoulkanner am Kannergesank.

Jugendgrupp

De Jugendgrupp huet normalerweis all puer Wochen eng Prouf, virum Theater awer méi oft. Do kënnen et dann bis zu 3 Prouwen d’Woch sinn, jee nodeem d’Prüfungen leien. Beim groussen Theater hunn di Jugendlech dëst Joer fir d’éischt en eegenen Musical gespillt.

Bei sämtlechen Aktivitéiten vum Biisser Kannergesank huelen di Jugendlech och deel.

Den 3. September war dat éischt Treffen mat de Jugendlechen fir de Programm vum Joer a groussen Zich fest ze setzen. An engems si mir zesummen op d’Schueberfouer gaang.

Den 3. Oktober war dann di éischt richteg Prouf mam Jugendgrupp.

Dono hate mir am 1. Trimester nach 4 Prouwen mat 12 Jugendlecher a 4 Kanner aus dem 6. Schouljoer.

De 5. Dezember sengt eise Jugendgrupp eng Jugendmass zu Biissen.

Dono a bis den Theater hu mir haaptsächlech um Theater geprouft. Mir haten mam Jugendgrupp an deene 4 Kanner aus dem 6. Schouljoer am ganzen 6 Theaterprouwen.

An der Belsch hu si eis och bei verschiddenen Aktivitéiten gehollef, wéi zum Beispill beim Frühsport, beim Rallye oder aner Spiller. Si hunn och de Kuch, d’Bowle an d’Schokolasfondue fir eis Ofschlossfeier preparéiert.

Bilan

Dat bedeit, dass de Kannergesank am ganzen während dem Joer 2009/2010 57 aktiv Memberen hat, déi och alleguer praktesch ëmmer präsent waren. Si alleguer, wéi och di Memberen di am Hannergrond schaffen, sinn all an der UGDA gemellt.