Als Ofschloss vun all Aarbechtsjoer beim Kannergesank fuere mir an der Päischtvakanz mat de Kanner zesummen op d'belsch Côte fir eis während e puer Deeg do ze erhuelen, ze musizéieren, kreativ ze schaffen an ze spillen.
An engem Hotel zu Blankenberge wunne mir an Zëmmeren zu 2 bis 5 Leit mat eegenem Sanitär a bei kompletter Vollpensioun.
Internetsäit vum Hotel zu Blankenberge: www.duinsepolders.be
Bis 2010 si mer an den Duinenzicht, e Vakanzenzentrum zu Westende, gefuer.
Fotoen
Blankenberge 2011
Hotel zu Blankenberge
Westende 2010
Westende 2003-2009