Ursprong vum Biisser Kannergesank (1979-2001)

1979 huet de Joss Ludovicy de Biisser Kannergesank gegrënnt. Ënnert dem Parrot vu Biissen ass de Kannergesank 22 Joër laang gefouert ginn.

17.3.2001 + 25.3.2001
De Musical "Varenka" gët opgefouert, ënnert der Leedung vun Joss Ludovicy, Suzette Ludovicy, Jean-Marie Bock an Huguette Muller-Kirsch.

7.6.2001
D'Statute vum neie Biisser Kannergesank asbl. ginn op der Gemeng ofginn vum Jean-Marie Bock an dem Huguette Muller-Kirsch.

8.6.2001 + 15.6.2001 + 22.6.2001 + 23.6.2001
Préparatioune mat de Kanner fir dem Joss säin Abschied vum Kannergesank.

24.6.2001
Ausfluch an d'Stad. Iwwerraschungscadeau fir de Joss iwwerreegt vun de Kanner um Ausfluch.

11.7.2001
Beim Joss doheem gët ët offiziell: Bei engem Iessen zesumme mat de Kanner an dem Här F. Fischer kritt d'Associatioun "Chrëschte mam Sahel" 40.000 Frang iwwerwisen (Erléiss vum Theater "Varenka") an den zukünftegen "Biisser Kannergesank asbl" kritt 24.000 Frang op de CCP iwwerwisen.

13.7.2001
D'Statute vum "Biisser Kannergesank asbl." gi vun der Gemeng geneemegt.