De Biisser Kannergesank ass säit 1979 ee Chouer fir Kanner a Jonker, déi gäeren an hirer Fräizäit sangen.
Nieft engem alljoerleche Musical suerge mir och fir d’musikalesch Begleedung a Radiosmassen, souwéi fir Ënnerhalung beim Fest vum Drëtten Alter oder um Chrëschtmaart.

Wéi kann ech matmaachen?

Wanns du och an de Kannergesank komme wëlls, an am 1. bis 6. Schouljoer bass, da fëll de folgende Ziedel aus a schéck en un de Biisser Kannergesank (d'Adress steet am Impressum).

Umeldungsziedel (PDF)169.67 KiB

De Biisser Kannergesank huet och ee Jugendgrupp, fir Jonker op Septième an driwwer.

Umeldungsziedel Jugendgrupp (PDF)67.80 KiB

Was erwaart mech am Kannergesank?

De Kannergesank funktionéiert ënnert der Form vun enger asbl. All Kand, wat bei eis matmecht, gëtt Member am Biisser Kannergesank. All Member bezuelt d'Cotisatioun vun 10 Euro (pro Joer). Dëse Betrag brauche mir fir d'Onkäschten vun der Versëcherung ze decken, déi mir bei der Affiliatioun mat der UGDA ofgeschloss hunn.

All Kanner ab dem éischten Schouljoer kënne matmaachen.

D'Prouwe gi reegelméisseg mëttwochs an der Mëttesstonn vun 13:10 bis 13:55 Auer organiséiert. Am Ufank vun all Trimester schécke mir den Elteren een detailléierte Programm vun de Prouwen, wéi och vun den Aktivitéiten déi ustinn. Dee Moment ass jiddereen am Viraus informéiert.

Wann d'Kanner net an eng Prouf komme kënnen, musse se am Viraus entschëllegt ginn. Domadder wëlle mer verhënneren, datt hinnen während där Zäit eppes geschitt, wou d'Eltere menge, si wire bei eis. Mir schécken dofir och direkt en Informatiounsziedel heem bei d'Elteren, wann d'Kand an enger Prouf oder bei enger Aktivitéit gefeelt an net ofgemellt war. Wann ee Kand 3 mol onëntschëllegt gefeelt huet, musse mir et leider vun den nächsten Aktivitéiten ausschléissen.

Mir réaliséieren all Joër, niewend ville klengen, eng gréisser Aktivitéit (Musical). Duerfir ass ët wichteg, dass Äert Kand esou vill wéi méiglech präsent ass, net nëmme bei den Aktivitéiten selwer, mee virun allem och bei de Prouwen.
Eis Gemeng stellt eis eege Räimlechkeeten an der Schoul zur Verfügung, sou datt mir eis Prouwen an eisem eegene Sall um 2. Stack vun der Schoul ofhale kënnen.

Zënter e puer Joer hu mir och e Jugendgrupp. Hei kënnen all Jugendlech ab Septième matmaachen. D'Prouwe si reegelméisseg am Ofstand vun 3-5 Wochen eng Kéier. Weider Informatiounen fannt Dir op der Säit vum Jugendgrupp.